Lucien Lux | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
13. September 1956 Ëlwen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler, Eisebunner |
Partei | LSAP |
![]() |
De Lucien Lux, gebuer den 13. September 1956 zu Ëlwen, ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker. Hie gouf de 24. Dezember 2013 zum Member vum Staatsrot ernannt.
De Lucien Lux huet fir d'éischt op der Eisebunn geschafft, a gouf 1978 Gewerkschaftssekretär vum OGB-L.
Vun 1988 bis 2004 war de Lucien Lux Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg.
Hie gouf 2002 zum Generalsekretär vun der LSAP gewielt.
Vun 1989 bis 2004 war hien, an der LSAP-Fraktioun, Deputéierten an der Chamber. Tëscht 2004 an 2009 war de Lucien Lux Ëmweltminister an Transportminister an der Regierung Juncker-Asselborn I. No de Chamberwale vum 7. Juni 2009 war hien nees Deputéierten a Fraktiounschef vun der LSAP an der Chamber. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien net méi erëmgewielt ginn.
De Lucien Lux ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.