Mario David | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
9. August 1927 Charleville-Mézières |
Gestuerwen |
29. Abrëll 1996 Paräis |
Doudesursaach | Longenembolie |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
![]() |
De Mario David, gebuer als Jacques Paul Jules Marie David den 9. August 1927 zu Charleville-Mézières a gestuerwen den 29. Abrëll 1996 zu Paräis war e franséische Schauspiller.
Am Kino war de Mario David haaptsächlech an Niewerollen a Filmer vu bekannte Regisseure wéi Claude Chabrol, Philippe de Broca, Henri Decoin, Jean Renoir a Costa-Gavras ze gesinn. Dernieft huet hien awer och a Kaméidisfilmer vum Jean Girault, Jean Bastia, Michel Boisrond an Édouard Molinaro matgespillt.