Nina Simone | |
---|---|
Gebuertsnumm | Eunice Kathleen Waymon |
Pseudonym | Nina Simone, The Songstress |
Gebuer | 21. Februar 1933 |
Gestuerwen |
21. Abrëll 2003 Carry-le-Rouet |
Doudesursaach | Broschtkriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Juilliard School |
Aktivitéit | Liddermécher, Jazzpianist, Sänger, Discographesche Kënschtler |
D'Nina Simone (fir richteg Eunice Kathleen Waymon), gebuer den 21. Februar 1933 zu Tryon (North Carolina), USA a gestuerwen den 21. Abrëll 2003 zu Carry-le-Rouet, Frankräich, war eng US-amerikanesch Jazz- a Bluessängerin, Pianistin a Songschreiwerin. Si selwer huet hire Musekstil Black Classical Music genannt. Hire Kënschtler-Familljennumm "Simone" geet op d'Simone Signoret vun där se e Fan war.
Si huet 1957 hiren éischten Album publizéiert, an hir Concerten an der Town Hall zu New York, 1959, hu s'an den USA an an Europa bekannt gemaach. An den 1960er Joren huet se sech an der amerikanescher Biergerrechtsbeweegung engagéiert.
Vun den 1980er Joren un huet si haaptsächlech an Europa, ufanks zu London, duerno a Frankräich gelieft.
Hiert bekanntste Stéck ass My Baby Just Cares for Me, dat duerch e Reklammsspott 1987 op eemol e Welthit gouf. Si selwer hat awer finanziell bal näischt dovun.
Commons: Nina Simone – Biller, Videoen oder Audiodateien |