10. Januar: Den Harold Macmillan gëtt Premierminister a Groussbritannien, nodeem den Anthony Eden den Dag virdrun wéinst der Suezkris zeréckgetrueden ass.
06. Mäerz: D'Côte d'or an Togoland ginn als Republik Ghana vu Groussbritannien onofhängeg.
25. Juli: Tunesien gëtt eng Republik an den Habib Bourguiba gëtt zum éischte President gewielt.
Amerika
USA
02. September: Zu Little Rock, Arkansas, USA léisst de Gouverneur d'Nationalgarde opmarschéieren, fir néng schwaarz Schüler drun ze hënneren, wéinst der Segregatioun an eng lokal Schoul ze goen.
09. September: De Kongress stëmmt de Civil Rights Act.
24. September: Den US-President Dwight D. Eisenhower schéckt Zaldote vun der 101. US-Loftlanddivisioun op Little Rock, fir den 9 schwaarze Schüler, de Little Rock Nine Zougank an d'Central High School ze verschafen.
Mëttel- a Südamerika
22. September: Ufank vum François Duvalier senger Diktatur op Haiti (bis 1971).
Asien
26. August: D'Sowjetunioun gëtt bekannt, déi éischt Interkontinentalrakéit lancéiert ze hunn.
31. August: Malaysia gëtt vu Groussbritannien onofhängeg; den Tunku Abdul Rahman gëtt Premierminister (bis 1970).
20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, 1:4 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Halsdorf geschoss.[2]
11. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, 2:5 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean-Pierre Fiedler a Léon Letsch geschoss.[4]
29. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, 0:3 géint Éisträich.[5]
17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Diest 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[6]
24. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Spuenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Robert Mond geschoss.[7]
Gebuer
Susan Bergman, US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin.