![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Roland Bombardella | |
---|---|
Gebuer |
9. Juli 1957 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Liichtathleet |
![]() |
De Roland Bombardella, gebuer den 9. Juli 1957 zu Diddeleng, war en héijen Offizéier bei der Lëtzebuerger Arméi an e bekannte lëtzebuergesche Kuerzstreckeleefer (100 an 200 m).
De Colonel Roland Bombardella war vum 1. Januar 2006 bis zu senger Pensionéierung den 1. August 2012 Haut-Commissaire à la Protection nationale zu Lëtzebuerg. Hien ass de Successeur vum Guy Lenz. Säi Successeur ass de Frank Reimen. De Roland Bombardella wunnt elo zu Austin am Bundesstaat Texas.
De Roland Bombardella war 1975, 1976, 1977 an 1978 Sportler vum Joer zu Lëtzebuerg.
De Roland Bombardella huet un den Olympesche Summerspiller 1976 zu Montréal deelgeholl.
Virdrun | ![]() ![]() |
Duerno |
---|---|---|
Marcel Balthasar | 1975 - 1976 - 1977 - 1978 | Lucien Didier |