D'Abtei Klierf (2014)
D'Abtei Klierf (2014)

D'Benediktinerabtei hellege Moritz zu Klierf gouf tëscht 1909 an 1910 am neo-romanesche Stil, nom Virbild vun der Abtei vu Cluny, gebaut. Architekt war den Hollänner Johannes Franziskus Klomp (1865-1946), dee selwechten, deen och déi Klierfer Parkierch entworf huet, déi genee déi selwecht Zäit gebaut gouf.

D'Benediktinercommunautéit vu Solesmes huet sech do niddergelooss, nodeem hiert Klouschter a Frankräich zougemaach gi war.

Verschidden Auteuren hu sech do méi oder manner laang zeréckgezunn, dorënner de Paul Claudel an den islännesche Nobelpräisdréier Halldór Kiljan Laxness.

Krichsjoren an d'Restauratioun nom Krich

1941 ass d'Abtei ënner Zwangsverwaltung vun der däitscher Besatzung komm. D'Benediktiner goufe verdriwwen an duerch verschidde Baustellen ass versicht ginn, de reliéise Charakter vum Gebai auszeläschen.

1947 sinn d'Benediktiner nees zeréckkomm an hunn d'Kierch, déi vill gelidden hat, an de Jore bis 1951 nees opgebaut.

Bau

D'Verhältnes vun de Moosse vum Kiercheraum si mat 1,616 net wäit vum Gëllene Schnëtt ewech. D'Kierch huet dräi Schëffer, ass also d'Opdeelung hir wéi eng Basilika. De Grondrëss huet eng Längt vu 66 m. D'Mëttelschëff ass 15 m héich an 10 m breet. D'Queeschschëff ass 22 m breet.

Altor

Den Altor ass aus massivem Steen. E gouf vum Philippe Kaeppelin gemeesselt an e staamt aus dem Joer 1952. E weist véier Relieffer, op deene véier Liewewiese sinn, déi d'Evangelisten duerstellen. E Stéier fir de "Lukas", en Aadler fir de Jang (Evangelist)]], e Léiw fir de Marc, an e Mënsch fir de Mett.

Chouerstill

75 Chouerstill stinn am Paterechouer tëscht der Apsis an dem Mëttelschëff. Siwemol am Dag versammele sech d'Pateren tëscht e Véirel op fënnef mueres an néng Auer owes do fir ze bieden a fir eng Mass, déi op Franséisch an op Latäin gehale gëtt.

Altorkräiz

Dat hëlze Kräiz, dat mat Gold iwwerzunn ass, staamt vum Dom Georges Saget. Et ass 1961 fir eng Christusfigur vum Sculpteur a Moler Dante Donzelli entworf ginn. D'Kräiz ass dekoréiert mat hallefronnen emailléierte Steng.
D'Kräiz staamt aus den Atelierë vun der Abtei.

Sakramentskapell mam Sakramentsaltor

Den Altor mam hellege Sakrament, dee bei der Ostsäit vum nërdleche Säiteschëff steet, ass aus dem Joer 1954 a staamt vum Philippe Kaeppelin. D'Dier vum Tabernakel ass mat engem Fësch dekoréiert, e Symbol, deem seng Originne bis an d'Urkierch zeréckginn. Den Altor ass mat Sëlwerplacke gerëscht, déi mat Gold iwwerzu sinn. Um ënneschten Deel sinn Zeenen aus dem Neien Testament ze gesinn.

Säitenaltär

D'Abteikierch huet véier al Altär, déi aus dem 15. a 16. Joerhonnert stamen, an 1910 aus der Kapell vun der fréierer Jesuitteresidenz an der Stad Lëtzebuerg op Klierf bruecht goufen. Dräi weider Retabele sti bannent der Klausur.

Pieta-Altor

Op dem Säitenaltor lénks nieft dem Agank steet eng Pieta vun ëm 1400, déi vun engem Skulptuer aus Schwoben staamt.

De Marienaltor

De Marienaltor op der Nordsäit vum Queeschschëff ass den Houfert vun der Kierch. D'Holzstatu vun der Jesusmamm gouf vum Memminger Ivo Strigel geschaf.

Fënsterrosett

Déi grouss Fënsterrosett op der Westsäit ass vum Maurice Rocher a stammt aus dem Joer 1961. Ronderëm d'Kräiz an der Mëtt sinn aacht Fënstere mat Symboler: D'Sonn, de Mound an d'Stären, Weess, eng Rief an en Olivebam.

Uergel

Um Duxall steet eng Mutin-Cavaillé-Coll-Uergel mat dräi Manualer an 20 Regësteren. Op där Uergel huet den Dom Paul Benoit iwwer 50 Joer gespillt.

Si gouf den 11. Dezember 2002 als nationaalt Monument klasséiert.

Klackentuerm

De 65 Meter héijen Tuerm ass am selwechte Stil gebaut wéi déi romanesch Tierm an der Bourgogne, déi hirersäits op déi vun der Benediktinerabtei vu Cluny zeréckzeféiere sinn.
Am Tuerm hänken dräi Klacken, allen dräi vun 1914:

Aner Klacken

An der Abtei gëtt et nach dräi méi kleng Klacken:

Honnertjoerfeier

Fir d'Honnertjoerfeier 2010 gouf de Banneraum vun der Abteikierch an de Joren 2008 an 2009 komplett renovéiert. D'Kierch krut fir d'éischt Kéier eng modern Buedemheizung. Dem Klackentuerm, ronderëm dee schonn e puer Joer eng Stee steet, seng Baussesteng, déi aus engem Steebroch vu Klierf stamen, musse stabiliséiert ginn.

Literatur

Kuckt och

Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Klierf

Um Spaweck

Commons: Benediktinerabtei Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien