Christian Calmes
Gebuertsnumm François Christian Calmes
Gebuer 13. Juli 1913
Oberursel
Gestuerwen 5. Juli 1995
Grasse
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Diplomat, Affekot, Politiker
Famill
Papp Albert Calmes
Mamm Jeanne Reuter

De Christian Calmes, gebuer den 11. Juli 1913 zu Oberursel (D), gestuerwen de 5. Juli 1995 zu Grasse (F), war e lëtzebuergesche Jurist, Diplomat, Historiker an Auteur.

Vun 1945 bis 1946 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

Den 9. September 1952 gouf hien den éischte Generalsekretär vum Ministerrot vun der CECA an ass dat bis de 14. Juni 1973 bliwwen. Wéi säi Papp, den Albert Calmes, war hien och Historiker an huet deem säi Wierk virugefouert. De Christian Calmes war effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Vun 1981 bis 1984 war hien Haffmarschall beim Groussherzog Jean.

Säi Wierk

A senger éischter Publikatioun, Geôles sanglantes (1948), huet hie seng Erliefnesser als politesche Gefaangenen am SS-Sonderlager Hinzert opgeschafft. Säin Haaptwierk ass en Deel vun der Serie Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg, déi säi Papp, den Albert Calmes, lancéiert hat. De Christian Calmes huet och d'Serie Au fil de l'Histoire, an där säi Papp ewell eng ganz Rei vun Artikele gesammelt a publizéiert hat, fortgeféiert.

  1. Bd. VII - 1867 - L'affaire du Luxembourg; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1967 (3. Oplo = 1982); 557 S.
  2. Bd. VIII - Le Luxembourg dans la guerre de 1870; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1970; 673 S.
  3. Bd. X - 1914-1919 - Le Luxembourg au Centre de l'annexionnisme belge; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1976; 537 S.
  4. Bd. XI - 1919 - L'étrange référendum du 28 septembre; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1979; 541 S.

D'Bänn VI a IX sinn ni geschriwwe ginn; an de sougenannte 'Bd. XII' huet eigentlech näischt an där Serie verluer, well en d'ganz Geschicht vum Groussherzogtum, vun 1815 bis 1989, behandelt:

  1. Bd. IV - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1977 ; 299 S.
  2. Bd. V - Une banque raconte son histoire; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1981; 576 S. (D'Geschicht vun der Banque Internationale à Luxembourg).
  3. Bd. VI - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1986; 352 S.
  4. Bd. VII - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1990; 392 S.

Gielercher

Literatur

Referenzen

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten