Claudio Brook | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
28. August 1927 Mexiko-Stad |
Gestuerwen |
18. Oktober 1995 Mexiko-Stad |
Doudesursaach | Mokriibs |
Nationalitéit | Mexiko |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
![]() |
De Claudio Brook, gebuer den 28. August 1927 zu Mexiko, an och do gestuerwen den 18. Oktober 1995, war e mexikanesche Schauspiller.
A Frankräich war e virun allem fir seng Roll als „Peter Cunningham“ am Film La grande vadrouille vum Gérard Oury aus dem Joer 1966 bekannt. Hien huet zu Paräis gelieft, wou hien a Filmer mam Louis de Funès, dem Jean Gabin an der Mireille Darc matgespillt huet. 1994 ass en zeréck a seng Heemecht a Mexiko gaangen, wéi sech seng Gesondheet verschlechtert huet an en net méi aarbechtsfäeg war. Hien ass 1995 an engem mexikanesche Spidol u Mokriibs gestuerwen.