Romy Schneider
Gebuertsnumm Rosemarie Magdalena Albach
Gebuer 23. September 1938
Wien
Gestuerwen 29. Mee 1982
7. Arrondissement
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich, Däitschland, Éisträich
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Harry Meyen, Daniel Biasini
Liewenspartner(in) Alain Delon
Papp Wolf Albach-Retty
Mamm Magda Schneider
Kanner Sarah Biasini
D'Romy Schneider 1971

D'Romy Schneider, eigentlech Rosemarie Magdalena Albach, gebuer den 23. September 1938 zu Wien, a gestuerwen den 29. Mee 1982 zu Paräis, war eng däitsch Schauspillerin.

D'Romy Schneider ass d'Duechter vun de Schauspiller Magda Schneider a Wolf Albach-Retty.

1953 huet si hir éischt Roll am Film Wenn der weiße Flieder wieder blüht gespillt. Mat dem Film Sissi ass hir den Duerchbroch am Kino gelongen. Dëse Film huet se net méi lassgelooss an dat besonnesch an Däitschland. D'Romy Schneider huet misse kämpfe fir deem Stempel vum séisse, brave Meedche lasszeginn.

An Däitschland war hir Carrière Enn vun den 1950er Joren un engem Déifpunkt ukomm. D'Rettung koum aus Frankräich. D'Romy huet bei engem Film den Alain Delon kenne geléiert. Mat deem huet se ënner der Regie vum Luchino Visconti zu Paräis Theater gespillt. Si krut Filmrollen ugebuede vum Visconti (Boccaccio '70) a vum Orson Welles (Le procès).

Mat hirer Carrière goung et da biergop, an a Frankräich huet d'Romy sech zu enger grousser Schauspillerin entwéckelt. Si gouf ee vun de Stare vum franséische Film, dat besonnesch duerch d'Filmer vum Claude Sautet.

Uganks vun den 1980er Joren huet d'Romy sech enger schwéierer Operatioun missen ënnerzéien. Hire Jong ass kuerz duerno duerch en trageschen Accident ëm d'Liewe komm. Vun deene Schicksalsschléi huet si sech net méi erholl, a si ass am jonken Alter vun 43 Joer un Häerzversoe gestuerwen.

Filmer

D'Graf vun der Romy Schneider um Kierfecht zu Boissy-sans-Avoir

vun 1953 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1981

Dokumentarfilmer iwwer d'Romy Schneider

Gielercher

Literatur

Um Spaweck

Commons: Romy Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien