Robert Siodmak | |
---|---|
Gebuer |
8. August 1900 Dresden |
Gestuerwen |
10. Mäerz 1973 Locarno |
Nationalitéit | Däitschland, USA |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur |
Famill | |
Geschwëster | Curt Siodmak |
![]() |
De Robert Siodmak, gebuer den 8. August 1900 zu Dresden an Däitschland, a gestuerwen den 10. Mäerz 1973 zu Locarno an der Schwäiz, war en US-amerikanesche Filmregisseur vun däitsch-polnescher Ofstamung.
De Brudder vum Curd Siodmak war e wichtege Vertrieder vum Expressionismus. Wéi vill Anerer huet hien dem Nationalsozialismus de Réck gedréit an ass fir d'éischt a Frankräich, dunn, 1940, an d'USA gaangen. Hien ass awer nom Zweete Weltkrich an Däitschland zeréckkomm. An der Zäit vu sengem Exil huet en e puer wichteg Film noir gedréit, wéi 1946 The Spiral Staircase awer och e puer Aventure-Filmer wéi 1952 de Crimson Pirate mam Burt Lancaster.
An Däitschland konnt de Siodmak sech e gudden Numm maache mat dem Seriekiller-Film, dee sech an Nazi-Däitschland ofspillt, Nachts, wenn der Teufel kam vun 1957 mat engem jonke Mario Adorf. De Siodmak huet zwéi Karl May Filmer gedréit; 1964 Der Schut a 1965 Der Schatz der Azteken, allebéid mam Lex Barker.