Gina Lollobrigida | |
---|---|
![]() D'Gina Lollobrigida an den 1960er Joren | |
Gebuertsnumm | Luigina Lollobrigida |
Gebuer | 4. Juli 1927 |
Gestuerwen |
16. Januar 2023 Roum |
Nationalitéit | Italien |
Aktivitéit | Schauspiller |
![]() |
D'Luigina "Gina" Lollobrigida, gebuer de 4. Juli 1927 zu Subiaco, Latium a gestuerwen de 16. Januar 2023 zu Roum, war eng italieenesch Schauspillerin, Fotografin a Sculptrice.
Zanter der Mëtt vun den 1940er Joren huet si an iwwer 70 Filmer an Tëleesfilmer matgespillt, souwuel a Kaméidifilmer wéi an Dramen. Bis an d'1960er Joren eran huet si als e Sexsymbol vum italieenesche Kino gegollt. Si huet awer och a franséische Filmer wéi Fanfan la Tulipe (1952) matgespillt, an internationale Produktioue wéi Trapez, The Hunchback of Notre Dame, Strange Bedfellows, Solomon and Sheba oder Buona Sera, Mrs. Campbell.
Zanter den 1970er Joren huet si sech e Ruff als Fotografin a Sculptrice gemaach, an huet just nach heiansdo bei engem Film matgemaach, fir d'lescht 1997.
Commons: Gina Lollobrigida – Biller, Videoen oder Audiodateien |