Renato Baldini | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
18. Dezember 1921 Roum |
Gestuerwen |
5. Juli 1995 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Schauspiller |
![]() |
De Renato Baldini, gebuer den 18. Dezember 1921 zu Roum an och do gestuerwen de 5. Juli 1995, war en italieenesche Schauspiller.
De Renato Baldini huet an iwwer 90 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Hie war a ville Sandalefilmer wéi Spartaco (1953) vum Riccardo Freda, Il figlio di Spartacus (1961) vum Sergio Corbucci, La vendetta dei gladiatori (1964) vum Luigi Capuano an Esther and the King (1960) vum Raoul Walsh a Mario Bava ze gesinn. Hien hat och Optrëtter an Italowestern wéi Sono Sartana, il vostro becchino (1969) vum Anthony Ascott an Un genio, due compari, un pollo (1975) vum Damiano Damiani. An Däitschland krut hien och dräi Niewerollen a Karl May Filmer sou a Winnetou II (1964) vum Harald Reinl, weider an Der Schut (1964) vum Robert Siodmak an an Unter Geiern (1964) vum Alfred Vohrer.
Commons: Renato Baldini – Biller, Videoen oder Audiodateien |