05. Dezember: D'Bundesrepublik Däitschland a Lëtzebuerg ënnerschreiwen en Ofkommes, dat et soll Persoune méi einfach maachen, iwwer d'Grenz tëscht deenen zwee Länner ze goen. Et trëtt den 1. Mee 1967 a Kraaft.
19. Dezember: A Frankräich gëtt de Generol Charles de Gaulle am zweeten Tour mat 55,2 % vun de Stëmme fir d'zweet zum Staatspresident gewielt.
13. Oktober: Am Kongo zwéngen de President Joseph Kasavubu an de Chef vun der Arméi Mobutu Sese Seko de Ministerpresident Moïse Tschombé zum Récktrëtt.
25. November: De Mobutu Sese Seko iwwerhëlt d'Muecht am Kongo.
22. Dezember: Am Dahomé putscht d'Arméi ënner dem Generol General Ch. Soglo.
Amerika
USA
09. November: Am Nordoste vun den USA an a Kanada kënnt et zu engem stonnelaange Stroumausfall.
Südamerika
Asien
02. Januar: Am Pakistan gewënnt de Muhammed Ayub Khan d'Presidentschaftswalen.
02. Januar: Éischt oppe Schluecht tëscht dem Südvietnam an de Vietcong.
30. September: An Indonesien kënnt et zu engem Putschversuch duerch de Lieutenant-Colonel Untung, duerno zu engem Géijeputsch duerch de Generol Suharto. Beim Biergerkrich duerno kommen tëscht 100.000 a 500.000 Mënschen ëm d'Liewen.
Ozeanien & Pazifik
16. Dezember: De Kinnek Taufa'ahau Tupou IV. gëtt Staatschef vun Tonga.
Arabesch Welt
19. Juni: Militärputsch an Algerie géint den Ahmad Ben Bella; de Colonel Houari Boumedienne iwwerhëlt d'Muecht a verstaatlecht déi meescht auslännesch Montangesellschaften.
27. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Trondheim, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 2:4 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Erny Brenner an Edy Dublin geschoss.[3]
19. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 2:5 géint Jugoslawien. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Louis Pilot geschoss.[4]
29. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Den Haag 0:3 géint Holland.[5]
06. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Marseille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Louis Pilot geschoss.[6]
10. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Jambes 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Edy Dublin geschoss.[7]