Martine Hansen | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
10. Dezember 1965 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit Hohenheim |
Aktivitéit | Politiker, Agronom, Lycéesprofesser |
Partei | CSV |
![]() |
D'Martine Hansen, gebuer den 10. Dezember 1965 zu Wolz[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV). Si ass zanter dem 17. November 2023 Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an der Regierung Frieden-Bettel.[2]
No hirer Première am Dikrecher Lycée huet d'Martine Hansen op der Universitéit Stuttgart-Hohenheim Agronomie studéiert, mat Spezialisatioun op d'sozial- a wirtschaftswëssenschaftlech Aspekter vun der Landwirtschaft. Vun 2005 un huet si iwwer en zweejärege Fernstudium e Master an der Gestioun vu Schoulen op der Universitéit Kaiserslautern gemaach.[1] Als Masteraarbecht huet si e Schoulentwécklungsplang fir Ettelbréck gemaach.
D'Martine Hansen war vun 1993-2006 Professesch an der Akerbauschoul. Vun 2006 bis zu hirer Ernennung als Ministesch, 2013, war si Direktesch vun där Schoul.[1]
Den 30. Abrëll 2013 gouf si als nei Ministesch an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir d'Recherche an d'Héichschoul.[3] Si huet d'Marie-Josée Jacobs ersat, déi demissionéiert hat, an en Deel vun den Dossiere vum François Biltgen iwwerholl, deen och als Minister opgehalen hat.[4] Déi Regierung gouf am Dezember 2013 derch d'Regierung Bettel-Schneider ofgeléist.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf si an d'Chamber gewielt a bei deene vum 14. Oktober 2018[5] an deene vum 8. Oktober 2023 [6] erëmgewielt.
Si war vu Februar 2014[7] bis Januar 2019[8] Co-Vizepresidentin vun der CSV.
Vun Dezember 2018 bis November 2023 war si Fraktiounschefin vun der CSV an der Chamber.[9]
Zanter dem 17. November 2023, ass si an der Regierung Frieden-Bettel Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.[10]
Commons: Martine Hansen – Biller, Videoen oder Audiodateien |