William Somerset Maugham | |
---|---|
Gebuer |
25. Januar 1874 Paräis |
Gestuerwen |
16. Dezember 1965 Nice |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
King’s College London, Universitéit vun Heidelberg |
Aktivitéit | Dramatiker, Romancier, Dréibuchauteur, Prosaist, Literaturkritiker, Schrëftsteller, Dokter |
De William Somerset Maugham [ˈsʌməsɪt mɔːm], gebuer de 25. Januar 1874 zu Paräis a gestuerwen de 16. Dezember 1965 zu Saint-Jean-Cap-Ferrat bei Nice, och bekannt als W. Somerset Maugham, war en engleschen Erzieler an Dramatiker. Hien ass mat ee vun den am meeschte geliesenen Auteure vum 20. Joerhonnert. Scho viru sengem Doud hat hien iwwer 10 Millioune Bicher verkaaft.
De William Somerset Maugham hat schonn 1897 mat senger éischter Publikatioun Liza of Lambeth e grousse Succès. Op eng naturalistesch Aart a Weis huet hien doranner seng Erfarungen als Dokter an der Ausbildung an engem aarme Quartier vu London verschafft, wat beim Biergertum net gutt ukomm ass.
Dono huet en Theaterstécker geschriwwen, wourënner The Circle, Our Betters an The Constant Wife. An enger spéiderer Phas huet hie Prosa geschriwwen, dorënner eng ganz Rëtsch Romaner a Kuerzgeschichten.
Seng Aktivitéiten als Geheimagent am Eischte Weltkrich huet en an der Erzielung Ashenden: Or, the British Agent (1928) verschafft, déi hirersäits en Afloss op aner Auteure wéi de Graham Greene, den Eric Ambler, de Ian Fleming an den John le Carré hat.
Säi Roman Of Human Bondage, eng Zort autobiographesch Geschicht, gëtt dacks als säi bescht Wierk ugesinn.
Commons: William Somerset Maugham – Biller, Videoen oder Audiodateien |