Cordula Trantow
Gebuer 29. Dezember 1942
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Synchronspriecher, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Regisseur

D'Cordula Trantow, gebuer den 29. Dezember 1942 zu Berlin, ass eng däitsch Schauspillerin a Regisseurin.

Duerch hir Roll am Antikrichsfilm Die Brücke vum Bernhard Wicki ass d'Cordula Trantow bekannt ginn. Mat de Filmer Le passage du Rhin vum André Cayatte an An heiligen Wassern vum Alfred Weidemann hat se nach e gewësse Succès beim Film. Duerno huet se nach am US-amerikanesche Film Hitler vum Stuart Heisler d'Geli Raubal, dem Hitler seng Niess, gespillt.

Mat dem Film Das Schloss nom Wierk vum Franz Kafka huet se fir den Ament a Schlussstréch ënner hir Carrière beim Film gezunn.

Am Theater huet se duerno grousen Erfolleg sowuel als Schauspillerin wéi och als Regisseurin. Si ass zur gläicher Zäit nach vill bei der Televisioun beschäftegt. Si schafft och als Synchronspriecherin beim Film fir d'Schauspillerinnen Ali MacGraw, Claude Jade, Marie Versini, Sandrine Bonnaire an Dominique Sanda.

Si war bestuet mam däitsche Regisseur Rudolf Noelte.

Filmer

Kino

Televisoun (Auswiel)

Um Spaweck