Horst Frank | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
28. Mee 1929 Lübeck |
Gestuerwen |
25. Mee 1999 Heidelberg |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Schauspiller, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Synchronspriecher |
Famill | |
Bestuet mat | Chariklia Baxevanos |
![]() |
Den Horst Bernhard Wilhelm Frank, gebuer den 28. Mee 1929 zu Lübeck, a gestuerwen de 25. Mee 1999 zu Heidelberg, war en däitsche Schauspiller.
Den Horst Frank huet zu Hamburg d'Schauspillschoul besicht.
No der Schauspillschoul huet en zu Lübeck, Bonn, Baden-Baden, Basel a Wuppertal Theater gespillt.
Seng éischt Filmroll hat hien 1957 am Krichsfilm Der Stern von Afrika.
Duerno huet en nach a weidere Krichsfilmer wéi Haie und kleine Fische an Hunde, wollt ihr ewig leben matgespillt.
Hie war vun Ufank un op d'Roll vum Béisen a senge Filmer festgeneelt, sou huet en e Mäerder an de Filmer Das Mädchen vom Moorhof, nom Roman vun der Selma Lagerlöf, an am Kriminalfilm Der Greifer duergestallt.
Hien huet awer net nëmmen an däitsche Filmer matgewierkt, a Frankräich huet hien ënner sou bekannte Regisseure wéi Georges Lautner, Claude Autant-Lara an Henri Decoin gespillt.
Am italieenesche Film konnt een den Horst Frank och dacks gesinn. Hien huet net nëmme Rollen a Krimien an a Krichsfilmer gespillt, haaptsächlech war en a Spaghetti-Western ze gesinn.
Als Filmpartner hat hie sou bekannt Schauspiller wéi Karl Malden, Carroll Baker, Lee van Cleef, Hardy Krüger, Geraldine Chaplin an Hans Albers.
An de 70er Jore war den Horst Frank reegelméisseg op der Televisoun ze gesinn, an dat besonnesch a Fernseeserië wéi Der Kommissar, Der Alte, Derrick oder Tatort.
1973 fänkt de Frank erëm un, Theater ze spillen. Mat enger eegener Inszenéierung vum Noel Coward sengem Fröhliche Geister geet en op Tournee. Ënner dem Peter Zadek spillt en 1992 Der blaue Engel an e puer Woche viru sengem Doud ass hien zu München opgetrueden an dem Woody Allen sengem Kaméidistéck Kugeln überm Broadway (Bullets over Broadway) ënner der Regie vum Volker Lechtenbrink. Dat war awer ze vill fir de Frank an e wollt sech an enger Privatklinik vun de Strapazen erhuelen.
Dräi Deeg viru sengem 70. Gebuertsdag, de 25. Mee 1999 owes géint néng Auer ass den Horst Frank an der Heidelberger Universitéitsklinik gestuerwen.
Den Horst Frank war véiermol bestuet, fir d'lescht mat der Schauspillerin Brigitte Kollecker. Aus sengem éischte Bestietnes stammt ee Jong. Mat senger zweeter Fra, der Schauspillerin Chariklia Baxevanos hat hien e Meedchen.
Jung-Dracula
In der Vampirerei
....
bin ich ein Kuckucksei,
mir fehlt die richt'ge Lust
und auch der Schmiß -
selbst wenn es zwölfe schlägt
kein Appetit sich regt
nach einer Mädchenbrust
und einem Biß -
....