Frank Alamo | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean-François Raymond Grandin |
Gebuer |
12. Oktober 1941 15. Arrondissement |
Gestuerwen |
11. Oktober 2012 16. Arrondissement |
Doudesursaach | Amyotroph Lateral Skleros |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Sänger, Filmschauspiller, Industriellen |
![]() |
De Frank Alamo, Kënschtlernumm vum Jean-François Grandin, gebuer den 12. Oktober 1941 zu Paräis an och do gestuerwen den 11. Oktober 2012[1], war e franséische Sänger a Filmschauspiller.
Hie gouf an den 1960er Jore fir seng franséischsproocheg Interpretatioune vun engleschsproochege Lidder bekannt, dorënner Biche ô ma biche (Original: Sweets for my Sweet vun The Searchers)[2], Je me bats pour gagner (Original: A Hard Day's Night) a Je veux prendre ta main (Original: I Want to Hold Your Hand, alle béid vun de Beatles).
Original franséisch Lidder hate manner Succès. 1969 huet hien opgehale mat Sangen a gouf ë. a. Fotograf an Autosconcessionnaire.
An den 2000er Joren ass hien erëm geleeëntlech als Sänger opgetrueden.