Gary Cooper | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Frank James Cooper |
Gebuer |
7. Mee 1901 Helena |
Gestuerwen |
13. Mee 1961 Beverly Hills |
Doudesursaach | Prostatakriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Grinnell College |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Partei | Republikanesch Partei |
Famill | |
Bestuet mat | Veronica Cooper |
Papp | Charles Henry Cooper |
Mamm | Alice Cooper |
Kand | Maria Cooper Janis |
![]() |
De Frank James "Gary" Cooper, gebuer de 7. Mee 1901 zu Helena, Montana, a gestuerwen den 13. Mee 1961, war en US-amerikanesche Filmschauspiller. Hie war bekannt fir säi stoeschen, onspektakuläre Stil, mat deem e seng Personnage verkierpert huet, an hat grousse Succès souwuel a Western-Filmer (High Noon), wéi och a Krimien (City Streets), Comédien (Mr. Deeds Goes to Town) oder Dramen (The Pride of the Yankees).
Seng Carrière huet sech vun 1925 bis kuerz viru sengem Doud erstreckt, a bestoung aus iwwer honnert Filmer. Ier e Schauspiller gouf, war hien ë. a. Reesender fir elektresch Schëlter a Rideaue fir den Theater.
De Cooper gouf fënnefmol fir den Oscar als beschte Schauspiller nominéiert, an huet d'Statu zweemol gewonnen. (fir Sergeant York an High Noon). 1961 krut hien ausserdeem en Éieren-Oscar.
Commons: Gary Cooper – Biller, Videoen oder Audiodateien |