Oskar Homolka | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
12. August 1898 Wien |
Gestuerwen | 27. Januar 1978 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA, Éisträich |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
![]() |
Den Oskar Homolka, gebuer den 12. August 1898 zu Wien a gestuerwen den 28. Januar 1978 zu Tunbridge Wells, Kent, war en éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller.
Vun 1926 u war den Oskar Homolka a villen däitsche Filmer ze gesinn. Am Joer 1934 huet hien Nazidäitschland verlooss an ass an d'USA emigréiert.
Bedeitend Filmer an deenen hie matgespillt huet, sinn an de Joren 1936 Sabotage vum Alfred Hitchcock, 1955 The Seven Year Itch vum Billy Wilder, an 1956 War and Peace vum King Vidor.