Paul Henreid
Gebuertsnumm Paul Georg Julius Freiherr von Hernried Ritter von Wassel-Waldingau
Gebuer 10. Januar 1908
Triest
Gestuerwen 29. Mäerz 1992
Santa Monica
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA, Éisträich-Ungarn
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller

De Paul Henreid, gebuer als Paul Georg Julius Freiherr von Hernried den 10. Januar 1908 zu Triest deemools Éisträich haut Italien a gestuerwen den 29. Mäerz 1992 zu Santa Monica a Kalifornien, war en éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.

De Paul Henreid huet Schauspill zu Wien am Max-Reinhardt-Seminar studéiert. Hien ass zu Wien am Theater opgetrueden duerno och nach zu London an zu New York.

Hie krut am Ufank vun den 1930er Jore seng éischt Rollen an däitschen an an éisträichesche Filmer. Wéinst dem Nationalsozialismus ass hien 1935 an England an duerno an d'USA emigréiert.

Bedeitend Filmer an deene hie matgespillt huet sinn: Now, Voyager (1942) vum Irving Rapper, Casablanca (1942) vum Michael Curtiz an The 4 Horsemen of the Apocalypse (1962) vum Vincente Minnelli.

Filmographie

Kino

als Regisseur

als Schauspiller

TV

als Regisseur (Auswiel)

Literatur

Um Spaweck

Commons: Paul Henreid – Biller, Videoen oder Audiodateien