Giuliano Gemma | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
2. September 1938 Roum |
Gestuerwen |
1. Oktober 2013 Civitavecchia |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Italien |
Aktivitéit | Sculpteur, Filmschauspiller, Cascadeur, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
![]() |
Den Giuliano Gemma, gebuer den 2. September 1938 zu Roum a gestuerwen den 1. Oktober 2013 zu Civitavecchia, war en italieenesche Schauspiller.
Hien huet an iwwer 100 TV- a Kinosfilmer matgespillt. A verschiddenen Italo-Western ass hien ënner dem Pseudonym Montgomery Wood opgetrueden. Bedeitend Filmer mat him sinn Il Gattopardo (1962) vum Luchino Visconti an Il deserto dei Tartari (1976) vum Valerio Zurlini.