Venantino Venantini | |
---|---|
| |
Gebuer |
17. Abrëll 1930 Fabriano |
Gestuerwen |
9. Oktober 2018 Viterbo |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
![]() |
De Venantino Venantini, gebuer als Enrico Venantino Venantini de 17. Abrëll 1930 zu Fabriano a gestuerwen den 9. Oktober 2018 zu Viterbo, war en italieenesche Schauspiller.
Hien huet bis haut (2015) an iwwer 180 Kinos- an TV-Filmer matgespillt, dorënner eleng an 8 mam Georges Lautner als Regisseur. Hie war an Niewerollen a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Franco Rossi, Carol Reed, Dino Risi an Ettore Scola awer och a bëllegen italieeneschen Horror-, Fantasy- a Sexfilmer ze gesinn.
Hien ass de Papp vum Schauspiller Luca Venantini.