Manfred Krug | |
---|---|
Pseudonym | Isa Karfunkelstein |
Gebuer |
8. Februar 1937 Duisburg |
Gestuerwen |
21. Oktober 2016 Berlin |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Däitsch Demokratesch Republik, Däitschland |
Educatioun | Ernst-Busch Héichschoul |
Aktivitéit | Schauspiller, Schrëftsteller, Sänger, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Komponist |
Famill | |
Kanner | Fanny Krug |
De Manfred Krug, gebuer den 8. Februar 1937 zu Duisburg a gestuerwen den 21. Oktober 2016 zu Berlin, war en däitsche Schauspiller, Sänger a Schrëftsteller.
De Manfred Krug ass 1949, no der Scheedung vu sengen Elteren, mat sengem Papp vu Westdäitschland an déi nei gegrënnt DDR wunne gaangen. Do huet hie fir Schauspiller geléiert, a krut vun 1957u Rollen an der DDR-Tëlees- a Kinosproduktioun. Gläichzäiteg huet hie sech en Numm als Chanson- an Jazzsänger gemaach, an huet eng Rëtsch Lidder selwer komponéiert.
1976 huet hien eng Protestpetitioun géint d'Ausbiergerung vum Wolf Biermann ënnerschriwwen, a krut dowéinsti 6 Méint Beruffsverbuet. Doropshin huet hie selwer eng Demande gemaach, an de Westen auszewanderen, wat hien dann och den 20. Juni 1977 huet dierfe maachen.
Do huet hien a populären Tëleeserië matgespillt, wéi Auf Achse, Liebling Kreuzberg, dem Tatort oder der Sesamstraße.
Do dernieft huet hie Bicher geschriwwen; zwou Autobiographien (Abgehauen (1996) a Mein schönes Leben (2005), an e Band mat Erzielungen (Schweinegezadder, 2008).
Commons: Manfred Krug – Biller, Videoen oder Audiodateien |