Marc Meyer | |
---|---|
Gebuer | 29. November 1954 |
Gestuerwen | 28. Februar 2015 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Stater Kolléisch, Universitéit Saarbrécken |
Aktivitéit | Lepidopterolog |
![]() |
De Marc Théo Jean Meyer, gebuer den 29. November 1954 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 28. Februar 2015 zu Merzig (D), war e lëtzebuergesche Lepidopterolog.[1]
De Marc Meyer huet 1974 säi Premièresexamen am Lycée de garçons de Luxembourg gemaach a vun 1974 bis 1980 op der Universitéit vu Saarbrécken Biologie a Geographie studéiert. Hie war duerno eng kuerz Zäit Stagiaire am Lycée technique Michel-Lucius an der Stad an am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng, ier hie fir eng Karriär am naturhistoresche Musée optéiert huet. Do huet hien den 1. Februar 1981 ugefaange mat schaffen. Den 28. Dezember 1988 ass hie Conservateur ginn. Hie war fir d'Sektioun vun de wierbellosen Déieren (« Invertébrés ») zoustänneg an huet sech besonnesch mat dem Erfaasse vun der Päiperleksfauna ofginn. Privat huet de Marc Meyer och nach d'Päiperleke vu Loutrengen, Spuenien, Portugal, Makaronesien an Nordafrika erfuerscht. Am Abrëll 2013 ass de Marc Meyer an d'Pensioun gaangen
1972 war de M. Meyer ee vun den Initiatore vun der Grënnung vun engem entomologeschen Aarbechtsgrupp an der « Jeunesse Naturaliste du Luxembourg ». Doraus ass 1974 de Groupe de travail pour l'étude des Invertébrés vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn, dee spéider erëm op säin éischten Numm zeréckkomm ass a sech nees Groupe de travail entomologique genannt huet.[2]
De M. Meyer ass am Oktober 1980 « membre correspondant » vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn. Nieft der SNL, war hie Member vun dëse Veräiner: Societas Europaea Lepidopterologica (SEL) ; Sociedad Hispano-Luso Americana de Lepidopterologia (SHILAP) ; Naturforschende Gesellschaft des Saarlandes – Delattinia ; Société entomologique de Mulhouse ; Oreina, les papillons de France. Hie war den Tresorier vum European Invertebrate Survey (EIS). De Marc Meyer, dee scho ganz fréi aktiv um Gebitt vum Naturschutz war, war och Member vum Mouvement écologique.