![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der däitscher Stad am Saarland. Fir déi lëtzebuergescher Uertschaft a Gemeng am Kanton Dikrech, kuckt wgl. Mäerzeg. |
Merzig | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Saarland |
Krees | Merzig-Wadern |
Buergermeeschter | Marcus Hoffeld (CDU) |
Awunner |
30.051 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 108.79 km² |
Héicht | 172 m |
Koordinaten | 49°26'49"N, 6°37'52"O |
Telefonszon | 06861 |
Postcode | 66651–66663 |
Websäit | https://www.merzig.de/ |
Jumelage mat | Saint-Médard-en-Jalles, Luckau |
![]() | |
Merzig (op Lëtzebuergesch: Mäerzeg[1]) ass eng Kreesstad am Saarland a Verwaltungssëtz vum Landkrees Merzig-Wadern mat ronn 31.000 Awunner a 17 Staddeeler op 108 km². Merzig läit op der Saar a verdeelt sech wäit ëm d'Héichte vum Saargau an d'Säitendäller vun der Saar.
Geographesch läit déi nordsaarlännesch Kreesstad Merzig tëscht Saarbrécken an Tréier (jee 50 Kilometer ewech) am Dall vun der Saar. Metz a Frankräich a Lëtzebuerg sinn och jee 50 Kilometer ewech. D'Stadgebitt erstreckt sech vun dësem „Merziger Becken“, an deem riets a lénks vun der Saar déi gréisser Staddeeler sinn, iwwer am Ganzen 108 km² bis zu de riets a lénks opsteigenden Héichte vum Saargau. Am Stadkär läit Merzig 175 m iwwer dem Mieresspigel, d'Gauhéichte klamme bis op 417 m erop. 3.108 ha Bësch, 60 ha Erhuelungsfläche wéi Park- a Grénganlagen, 5.862 ha landwirtschaftlech Flächen a Gäertnereien an 128 ha Waasserfläche maachen aus Merzig mat engem Gréngflächeprozentsaz vun iwwer 80 eng grénger Stad.[2]
U Merzig grenze follgend Gemengen: Beckingen am Südosten, Mettlach am Nordwesten, Losheim um Séi am Nordosten a Rehlingen-Siersburg am Südwesten.
D'Stad gliddert sech zanter der Gebitts- a Verwaltungsreform vun 1974 a 17 Staddeeler (Awunnerzuelen Stand 30. Juni 2011):
|
|
De Joresnidderschlag ass 882 mm. Den dréchenste Mount ass de September. Am meeschte reent et am November.
369 | Martiaticum |
870 | Martia |
1338 | Mertzige |
1478 | Mertzych |
1497 | Mertzig |
1499 | Mertzigh, Mertzych |
Déi eelst Nennung vu Merzig fënnt sech lt. Kell an engem Befeel vum westréimesche Keeser Valentinians, wärend sengem Openthalt zu „Mansio praedium Martiaticum“ de 4. Juni 369. Ausgangs vum Merchinger Dall am Distrikt Hangenfeld hëlt een un, datt eng réimesch Siidlung stoung, well am Beräich vum Zesummenfloss vum Ritzerbach mam Seffersbach verschidde réimesch Saache fonnt goufen.
De Charles de Plakkapp hat d'Kroungut Merzig dem Tréierer Äerzbëschof Bertolf bei vu senger Bëschofswei am Joer 869 geschenkt. Am 12. an 13. Joerhonnert hat dem Kurfürst d'Ministerialgeschlecht vu Merzig gedéngt. Dem Äerzbëschof vun Tréier hunn déi Merziger Vogteirechter gehéiert. Merzig war a siwe Vogteien opgedeelt: d'Vogtei vum Äerzbëschof, déi vereenegt Schultheißerei mat der Montclairer Vogtei, d'Rischerei, d'Mettlacher Vogtei, d'Brückerei an d'Propstei.
Blasonéierung: A véier gedeelt, uewe riets an ënne lénks a Sëlwer en duerchgoend rout Kräiz, uewe lénks an ënne riets a Sëlwer e schwiewent schwaarzt Duebelkräiz.
Dat rout Kräiz steet fir d'Äerzbistum Tréier an dat schwiewent schwaarzt Duebelkräiz steet fir d'Herzogtum Loutrengen.
De Biergerpark zu Besseringen, de Gaart vun de Kënschten am Museum Schlass Fellenberg, de Gaart vun de Sënnen an de Pargaart St. Peter si besonnesch kuckeswäert.
Merzig ass iwwer d'Bundesautobunn 8 (Perl - Stuttgart) an d'Bundesstrooss 51 (Bremen - Sarreguemines) un dat iwwerregionaalt an internationaalt Stroossennetz gutt ugebonnen. Merzig lait op der Saarstreck an huet dräi Garen, dovun zwou zu Merzig (Merzig (Saar), Merzig-Stadmëtt) an eng am Merziger Staddeel Besseringen. Bei éischteren handelt et sech ëm eng Gare mat ugeschlossener Busgare, allerdéngs eppes ewech vum Stadkär. Hei halen all RE- an RB-Zich vun der Däitscher Bunn (DB). Sou ergëtt sech ongeféier all hallef Stonn en Uschloss a Richtung Saarbrécken, Homburg an Tréier. Zanter 2000 ass och e Garehaltpunkt „Merzig-Stadtmitte“ a Betrib. Hei halen nëmme Regionalbunnen.
Am Fréijoer 2007 gouf um Kreuzberg en historesche Wéngert nei ugeplanzt. Domat ass Merzig no Saarfels[3] (Beckingen) déi zweet Uertschaft am Saarland, déi d'Traditioun vum Wäibau op der Saar südlech vum etabléierten Ubaugebitt Musel-Saar-Ruwer nees opliewe léisst. De Wäin huet Qualitéitsbezeechnung Saarländischer Landwein.[4]
Hire Sëtz zu Merzig hunn follgend Organisatiounen:
Merzig huet en Amtsgeriicht, dat zum Landgericht- an zum Bezierk vum OLG Saarbrécken gehéiert an eng Annexe zu Wadern huet.
Zu Merzig sëtzt d'Luftlandeunterstützungsbataillon 262, dat zu der Luftlandebrigade 26 vun der Saarlandbrigad vun der Bundeswehr gehéiert.
All Dag gi 6.500 Studenten zu Merzig an d'Schoulen. Weiderhin existéieren 18 Crêchen a Spillschoulen déi entweeder der Stad oder der Kierch ënnerstinn, oder sougenant fräi Crêche sinn.
BBZ-Merzig:
Zu Merzig gëtt et vill chrëschtlech Kierchegemengen an e puer aner Reliounsgemeinschaften:
Commons: Merzig – Biller, Videoen oder Audiodateien |