O. E. Hasse | |
---|---|
![]() Den O. E. Hasse als Mephisto am Theater, 1945 | |
Gebuertsnumm | Otto Eduard Hasse |
Gebuer |
11. Juli 1903 Obrzycko |
Gestuerwen |
12. September 1978 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Ernst-Busch Héichschoul |
Aktivitéit | Filmregisseur, Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
![]() |
Den O. E. Hasse, gebuer als Otto Eduard Hasse den 11. Juli 1903 zu Obersitzko a gestuerwen den 12. September 1978 zu Berlin, war en däitsche Schauspiller.
Bedeitend Filmer vum O. E. Hasse sinn Decision Before Dawn (1951) vum Anatole Litvak mam Richard Basehart an Oskar Werner, I Confess (1953) vum Alfred Hitchcock mam Montgomery Clift, Les espions (1957) vum Henri-Georges Clouzot an État de siège (1972) vum Costa-Gavras mam Yves Montand.