Oliver Reed | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Robert Oliver Reed |
Gebuer |
13. Februar 1938 Wimbledon |
Gestuerwen |
2. Mee 1999 Valletta |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Ewell Castle School |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Papp | Peter Reed |
Kanner | Sarah Reed, Mark Reed |
![]() |
Den Oliver Reed, gebuer den 13. Februar 1938 zu Wimbledon a gestuerwen den 2. Mee 1999 zu Valletta op der Insel Malta, war en englesche Schauspiller.
De Reed war am Ufank vu senger Filmkarriär an Horrorfilmer vun den Hammer Film Studioen ze gesinn. Hie gouf awer bekannt duerch 2 bedeitend Filmer vum Filmregisseur Kenn Russel sou: Women in Love (1969) no engem Roman vum D.H. Lawrence an The Devils nom Buch The Devils of Loudun vum Aldous Huxley an nom Theaterstéck The Devils vum John Whiting.
Hien ass wärend den Dréiaarbechte vum historeschen Abenteuerfilm Gladiator (2000) den 2. Mee 1999 zu Valetta un engem Häerzschlag gestuerwen.
Hie war den Neveu vum Filmregisseur Carol Reed.
Commons: Oliver Reed – Biller, Videoen oder Audiodateien |