Peter Cushing | |
---|---|
Gebuertsnumm | Peter Wilton Cushing |
Gebuer | 26. Mee 1913 |
Gestuerwen |
11. August 1994 Canterbury |
Doudesursaach | Prostatakriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Guildhall School of Music and Drama |
Aktivitéit | Schauspiller, Explorateur, Moler, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
De Peter Wilton Cushing, gebuer de 26. Mee 1913 zu Kenley a gestuerwen den 11. August 1994 zu Canterbury war en englesche Schauspiller.
De Cushing ass bekannt duerch seng Rollen als Wëssenschaftler oder Dokter an Horrorfilmer déi vun Hammer Films produzéiert goufen.
Aner bekannt Filmer mat him sinn am Joer 1940 de Koméidisfilm A Chump at Oxford vum Alfred J. Goulding mat dem Stan Laurel an Oliver Hardy, am Joer 1952 déi romancéiert Filmbiographie vum Moler Henri de Toulouse-Lautrec Moulin Rouge vum John Huston, de Kriminalfilm The Nacked Edge (1961) vum Michael Anderson an de Science-Fiction Film Star Wars: Episode IV - A New Hope (1977) vum George Lucas.