John Hurt | |
---|---|
Portrait vun 2015 | |
Gebuertsnumm | John Vincent Hurt |
Gebuer |
22. Januar 1940 Chesterfield |
Gestuerwen |
25. Januar 2017 Norfolk |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Saint Martin's School of Art, Royal Academy of Dramatic Art, St Michael's Preparatory School, Central Saint Martins, Lincoln Christ's Hospital School |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Explorateur, Synchronspriecher, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller |
De Sir John Vincent Hurt, CBE, gebuer den 22. Januar 1940 zu Chesterfield, am Derbyshire, a gestuerwen de 27. Januar 2017 zu London, war en englesche Schauspiller. Den Hurt gëtt zanter den 1970er Joren zu de profiléiertsten englesche Charakterduersteller gezielt.
Den Hurt huet säi Studium um Londoner Central Saint Martins College of Art and Design ënnerbrach, wéi hien 1962 eng Theaterbourse op der Royal Academy of Dramatic Art krut.
Säin Duerchbroch am Kino koum mat enger Nieweroll am Film A Man for All Seasons vum Fred Zinnemann. Weider bedeitend Filmer mam John Hurt sinn 1972 de Märchefilm The Pied Piper vum franséische Regisseur Jacques Demy, 1979 de Science-Fiction Klassiker Alien vum Ridley Scott an 1980 dem David Lynch säin Horrordrama The Elephant Man. Hien huet och eng vun den Haaptrollen am US-amerikaneschen historesche Western aus dem Joer 1980 Heaven's Gate vum Michael Cimino mat dem Kris Kristofferson, Christopher Walken an der Isabelle Huppert gespillt.
Dernieft war hien awer och a Filmer, déi vill Geld an d'Kinoskeess bruecht hunn, ze gesi sou an dräi Filmer aus der Harry Potter Serie Harry Potter and the Philosopher's Stone (2001) vum Chris Columbus an an den 2 Deeler vun Harry Potter and the Deathly Hallows vum David Yates. En aneren am Boxoffice erfollegräiche Film mat him war am Joer 2008 Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull vum Steven Spielberg mam Harrison Ford an der Cate Blanchett.
Commons: John Hurt – Biller, Videoen oder Audiodateien |