Pete Postlethwaite | |
---|---|
Gebuertsnumm | Peter William Postlethwaite |
Gebuer |
7. Februar 1946 Warrington |
Gestuerwen | 2. Januar 2011 |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Bristol Old Vic Theatre School |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller |
De Peter William "Pete" Postlethwaite, OBE, gebuer de 7. Februar 1946 zu Warrington, a gestuerwen den 2. Januar 2011, war en englesche Schauspiller (Theater, Film an Televisioun).
Ier e Schauspiller gouf, war hien Enseignant a Proff fir Theater. Hien ass bekannt ginn duerch seng Rollen a Filmer wéi Distant Voices, Still Lives, The Usual Suspects, Alien 3, In the Name of the Father (woufir en eng Oscar-Nominéierung krut), Amistad, Brassed Off, The Shipping News, The Constant Gardener, The Age of Stupid, Inception, The Town, oder dem Baz Luhrmann säi Romeo + Juliet.