Oskar Sima | |
---|---|
Gebuer |
31. Juli 1896 Hohenau an der March |
Gestuerwen |
24. Juni 1969 Hohenau an der March |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Partei | NSDAP |
Den Oskar Sima, gebuer den 31. Juli 1896 zu Hohenau an der March an och do gestuerwen de 24. Juni 1969, war en éistréichesche Schauspiller.
Hien ass och nach als Oscar Sima opgetrueden.
Säin éischte Film war am Joer 1921 Die Ehe der Hedda Olsen oder die brennende Akrobatin. Duerno huet hie bis zu sengem Doud a méi wéi 250 Filmer matgespillt.
Den Oskar Sima war mat der Schauspillerin Lina Woiwode bestuet.