![]() |
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pol Michels | |
---|---|
Gebuer |
8. Dezember 1897 Hollerech |
Gestuerwen |
2. Mee 1956 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Riichter |
![]() |
De Pol Michels, och Paul Michels, gebuer den 8. Dezember 1897 zu Hollerech, gestuerwen den 2. Mee 1956 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist an Auteur.
No sengem Secondaire, déi hie vun 1910 bis 1916 am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg gemaach huet, huet hie vun 1917 bis 1924 Literatur an Droit op den Universitéite vu Berlin, München, Paräis an Nanzeg studéiert.
Vun 1926 bis 1927 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg[1].
An der Magistratur huet hie follgend Nominatioune krut:
Am Zweete Weltkrich, wéi Lëtzebuerg ënner daïtscher Besatzung war, huet hie weider als Riichter geschafft. Wéinst senger Däitschfrëndlechkeet gouf him, no der Befreiung vu Lëtzebuerg, de Prozess gemaach. Hie gouf zu enger Geld- a Prisongsstrof verurteelt, krut awer 1949 eng Begnodegung.
Nom Krich war hie Mataarbechter vun der satirescher Zeitung "De Peck-Villchen".