D'Regierung Simons war vum 23. September 1853 bis de 26. September 1860 zu Lëtzebuerg am Amt. An där Zäit koum et zu enger Rëtsch personellen an organisatoresche Reorganisatiounen.
Mam Arrêté royal grand-ducal vum 9. Juli 1857 gouf festgehalen, wéi d'Lëtzebuerger Regierung organiséiert ass[1]. All zukünfteg Regierunge goufen op der Basis vun deem Arrêté gebilt, bis datt et 2023 op Basis vum Artikel 92 vun der neier Verfassung[2] zu enger Ännerung koum, an d'Regierung vun deem Moment un iwwert d'internt Reglement vun der Regierung organiséiert gëtt.
Mam Arrêté grand-ducal vum 22. September 1853 ginn déi fënnef follgend Generaladministratioune festgehalen[3]:
Follgend Leit ginn doropshin nominéiert.
Et gëtt e Changement wat d'Regierungsdepartementer ugeet, andeems Travaux publics mat Affaires communales ersat gëtt a bei den Administrateure gëtt den M. Wellenstein mam E. Thilges ersat. D'Regierung gesäit elo esou aus[6]:
Den 21. Mee 1856 ginn d'Gemengenaffären bei den Interieur geprafft an déi nei Regierung ass esou opgestallt[7]:
De Portefeuille vun der Eisebunn gëtt temporär vun den Travaux publics ewechgeholl a kritt eng eegen Administratioun, ënnert dem Paul de Scherff. En neien Administrateur général, de Guillaume M. Augustin, iwwerhëlt d'Ëffentlechen Aarbechte vum de Scherff[8]. D'Zesummesetzung vun der Regierung ass vun deem Moment un esou:
De Mathias Simons, bis elo „President vum Regierungsconseil“, kritt den Titel vun „Staatsminister“; de Wurth-Paquet an den Augustin, bis dohin allebéid „Administrateur général“, ginn „Generaldirekter“ ernannt[9]. De Servais, den Eyschen an den de Scherff hunn demissionéiert, woubäi de leschtgenannten d'Eisebunn awer nach weiderhi provisoresch leet[10].
Déi eenzel Servicer ginn nei verdeelt a forméieren elo dräi Generaldirektiounen: „Aussebezéiungen“ (affaires étrangères), „Bannenzeg Ugeleeënheeten“ (intérieur) an „Justiz a Finanzen“ (justice et finances)[11]
D'Regierung setzt sech esou zesummen:
No enger neier Demande vum de Scherff gëtt hien d'Verantwortung iwwer d'Eisebunn de 5. Februar 1858 definitiv op[13]; d'Eisebunn fält nees an d'Kompetenz vun den Ëffentlechen Aarbechten[14].
De François-Xavier Wurth huet den 29. September 1858 demissionéiert[15]; säi Portefeuille ass awer eréischt den 12. November 1858 nei besat ginn.
De Jean Ulveling kënnt als neie Generaldirekter an d'Regierung[16] an iwwerhëlt dem demissionäre F-X Wurth säi Ressort.
D'Regierung gesäit elo esou aus:
Den Arrêté royal grand-ducal vum 23. Juni 1859 verdeelt verschidde Portefeuillë provisoresch un aner Regierungsmemberen[17]:
D'Generaldirektioun „Justiz a Finanzen“ gëtt reorganiséiert a verschidde Servicer gi provisoresch anescht verdeelt[18]. Den É. Thilges gëtt neie Generaldirekter[19] an d'Kompetenzen an der Regierung sinn elo:
Aus gesondheetleche Grënn ass de Staatsminister Mathias Simons Enn September 1860 vu senge Funktiounen zeréckgetrueden[20]; och den Édouard Thilges huet demissionéiert[21].
Nodeems d'Regierung Willmar op Drock vum Kinnek-Groussherzog Wilhelm III. ofgesat gi war, ass ënner dem Charles-Mathias Simons eng konservativ-reaktionär Regierung vun der Reaktiounsära gebilt ginn.
Den Haaptakzent vum Simons senger Aussepolitik war, fir déi gutt Relatiounen déi sengerzäit mam Däitsche Bond, mat Preisen an Holland bestanen hunn an déi ënner der Regierung vum Willmar staark gelidden haten, nees an d'Rei ze bréngen. Den Traité mam Däitschen Zollveräin deen zanter dem 8. Februar 1842 bestoung, ass kuerz ier en ofgelaf ass, de 26. Dezember 1853 verlängert ginn.
D'Verhandlungen iwwer d'Bedeelegung vum Groussherzogtum beim Remboursement vun de Staatsscholde vum fréiere Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden sinn nees opgeholl ginn an am Géigenzuch huet Holland den diplomatesche Schutz vun de lëtzebuergesche Bierger am Ausland erëm assuréiert.
![]() |
![]() |