![]() | |
Numm |
lb: Zithastrooss fr: Rue Sainte Zithe |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Rue Munkácsy op der Hollerecher (westlecher) Säit |
Längt | ca. 470 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 2763 |
Koordinaten |
49° 36’ 18.0’’ N 06° 07’ 42.5’’ O |
![]() |
D'Rue Sainte Zithe ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vum Boulevard de la Pétrusse a südëstlecher Richtung laanscht de Rousegäertchen bis bei d'Paräisser Plaz.
Wéi Hollerech nach eng eegestänneg Gemeng war, huet d'Zithastrooss d'Grenz gemaach tëscht Hollerech an der Stad; op der Stater Säit huet d'Strooss awer Rue Munkácsy geheescht. An de Joren no der Gemengefusioun (1920) ass d'Bezeechnung rue Munkácsy verschwonnen. De 16. Mee 1925 huet de Stater Gemengerot confirméiert, datt déi zwou Säite vun der Strooss den Numm Zithastrooss droe géifen[1].
D'Strooss ass benannt no der Helleger Zitha (1218 - 1278), der Patréinesch vum Déngschtpersonal an den Haushälterinnen.
Commons: Rue Sainte-Zithe – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Boulevarden an der Stad Lëtzebuerg | |
---|---|
|
Stroossen an der Stad Lëtzebuerg | |
---|---|
|