| |
Numm |
lb: Vullegaass (pejorativ, Ëmgankssprooch) fr: Rue du Fort Neipperg |
---|---|
Fréieren Numm | fr: en Deel: Rue de la Poste |
Längt | ca. 470 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 2230 |
Koordinaten |
49° 36’ 11.5’’ N 06° 08’ 07.1’’ O |
![]() |
D'Rue du Fort Neipperg[1] ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Aler Avenue fir d'éischt a Richtung Osten an dann - quasi parallel mat der Eisebunn - a Richtung Norde bis op d'Kräizung mam Boulevard d'Avranches an der Avenue Charles de Gaulle.
Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet den Deel vun der Aler Avenue bis bei d'Rue Bender „Rue de la Poste“ geheescht[2],[3].
Den haitegen Numm vun der Strooss geet zeréck op de Fort Neipperg, deen do stoung, engem Reduit um ëstleche Wupp vun der Diddenuewener Front vun der Festung Lëtzebuerg. Dëst ass sengersäits nom Wilhelm Reinhard, Grof vun Neipperg (1684-1774) genannt ginn, dee vu 1730 u Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg war.
Commons: Rue du Fort-Neipperg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Boulevarden an der Stad Lëtzebuerg | |
---|---|
|
Stroossen an der Stad Lëtzebuerg | |
---|---|
|