![]() |
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Karel I. | |
---|---|
![]() | |
Titelen | |
Virgänger | Jang I. |
Nofollger | Wenzel I. |
Biographie | |
Gebuer |
14. Mee 1316 Prag |
Gestuerwen |
29. November 1378 Prag |
Bestuet mat | Elisabeth vu Pommern |
Papp | Jang de Blannen |
Mamm | Elisabeth vu Béimen |
Geschwëster | Bonne vu Lëtzebuerg, Anna vu Béimen, Margréit vu Béimen, Nikolaus vu Lëtzebuerg, Wenzel I. vu Lëtzebuerg, Jean-Henri vu Mieren |
Kanner | Wenzel II. vu Lëtzebuerg, Anne vu Béimen, Sigismund vu Lëtzebuerg, Johann vu Görlitz |
De Karel I., gebuer de 14. Mee 1316 zu Prag an och do gestuerwen den 29. November 1378, war vun 1346 bis 1353 Grof vu Lëtzebuerg, vun 1346 bis 1378, als Karel IV., Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich, vun 1346 bis 1378 Kinnek vu Béimen a vun 1373 bis 1378 Maarkgrof vu Brandenburg.
Hien huet aus dem Haus Lëtzebuerg-Limburg gestaamt, war ee vun de bedeitenste Keesere vum Spéide Mëttelalter an ee vun den Herrscher mat deem gréissten Afloss an Europa.
An enger Charta déi de Karel I. den 22. Dezember 1353 zu Mainz opgesat hat, huet hien - absënns fir dem Abt Jean de Neuville seng Verdéngschter ze belounen - der Abtei vun Iechternach all hir Privileegien, Charten, Gewunnechtsrechter, Fräiheeten an Immunitéite confirméiert, déi den Abt vu senge Virgänger kritt hat.
D'Stad Prag verdankt him hir Universitéit, eng Rëtsch Gebaier an och déi bekannt Karlsbréck. D'Lëtzebuerger gesinn hien haaptsächlech am Zesummenhank domat, datt hien 1354 d'Grofschaft Lëtzebuerg zu engem Herzogtum erhuewen huet.
Fir un de Karel IV. z'erënnere gouf um Belair an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss nom him genannt: d'Rue Charles IV.
De Karel I. war de Bouf vum Jang de Blannen (1296-1346), Grof vu Lëtzebuerg an der Elisabeth vu Béimen (1292-1330). Hie war véiermol bestuet:
Hien huet sech 1329 mat senger éischter Fra bestuet, der Blanche vu Valois (1316, † 1348), Duechter vum Kinnek Karel I. vun Aragon a Valencia, Régent vu Frankräich, Grof vu Valois, Alençon, Chartres, Perche a Barcelona. Hiren Hallefbrudder war de Philip VI. Kinnek vu Frankräich. De Karel I. an d'Blanche haten zwee Kanner:
Seng zweet Fra - déi hien 1349 bestuet huet, war d'Anna vu Wittelsbach (1329, † 1353), Duechter vum Pfalzgrof um Rhäin Rudolf II.. De Karel I. an d'Anna haten nëmmen ee Jong, dee fréi gestuerwen ass:
Mat senger drëtter Fra - der Anna vu Schweidnitz (1339, † 1362) - gouf hien 1353 bestuet. Si war d'Duechter vum Heinrich II. Herzog vu Schweidnitz. De Karel I. an d'Anna haten zwee Kanner:
1363 huet hien du seng véiert Fra bestuet, d'Elisabeth vu Pommern (1345, † 1392), Duechter vum Bogislav V. Herzog vu Pommern. De Karel I. an d'Elisabeth hate sechs Kanner:
Virgänger: Jang I. |
Grof vu Lëtzebuerg 1346 - 1353 |
Nofollger: Wenzel I. |
Virgänger: Ludwig IV. |
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich 1346 - 1378 |
Nofollger: Wenzel II. |
Virgänger: Jang I. |
Kinnek vu Béimen 1346 - 1378 |
Nofollger: Wenzel II. |
Commons: Charles IV, Holy Roman Emperor – Biller, Videoen oder Audiodateien |