D'Lokomotiven aus der Serie 20 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi fir d'Traktioun vu besonnesch schwéiere Gidder- a Persounenzich konzipéiert goufen.
Déi éischt 15 Maschinne goufen 1975/1976 ausgeliwwert a spéider duerch 10 weider Maschinne komplettéiert. Bis haut gouf d'2020 als eenzeg Maschinn verschrott.
D'20er sinn, a waren ëmmer schonn onzouverlässeg. Dat läit virun allem dorun datt vill nei Technologien an där Serie verschafft goufen déi eréischt duerch de Gebrauch ausgeräift sinn, a spéider an de Serien 21 an 27 benotzt goufen, fir déi Serien zu besonnesch zouverlässegem Material ze maachen.
D'20er duerfen net an UM ("Unité Multiple") gefuer ginn, well se eng sou grouss Leeschtung beim Ufueren hunn, datt de Risiko besteet datt d'Halterung tëscht der zweeter Maschinn an dem éischte Waggon brécht.
Commons: SNCB Class 20 – Biller, Videoen oder Audiodateien |