Serie 27 SNCB | ||
---|---|---|
Nummeréierung: | 2701-2760 | |
Stéckzuel: | 60 | |
Constructeur: | Elektrescht: ACEC vu Charleroi Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles | |
Baujoren: | 1981-1984 | |
Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
Achsformel: | Bo'Bo' | |
Déngschtmass: | 85 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 18.650 mm | |
Héicht: | 4220 mm | |
Maximal Achselaascht | 21 Tonnen | |
Héchstvitesse: | 160 km/h | |
Stroumsystemer: | 3kV Gläichstroum | |
Leeschtung: | 4150 kW |
D'Lokomotive vun der Serie 27 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi an den achtzeger Jore kaaft goufen.
Se si praktesch baugläich mat de Lokomotive vun der Serie 21. Den eenzege groussen Ënnerscheed ass hire Motor. D'Serie 27 huet eng Leeschtung vu 4.150 kW an d'Serie 21 huet 3.000 kW.
Am Ganze goufen 120 Lokomotive bestallt, 60 fir all Serie.
D'Serie 27 gouf als Universallokomotiv bei der CFM/BN vun Nivelles bestallt an déi éischt Maschinn gouf am November 1981 un d'SNCB geliwwert. Si kënne vun de Steierween vun den Typpen M6-BDx an I11-BDx aus gefuer ginn. Well se dacks op Zich agesat ginn déi mussen ennerwëe gespléckt ginn, ënner anerem den InterCity E, sinn d'Maschinnen 2740-2760 mat enger automatescher Kupplung ekipéiert. Dat erlaabt et s'an e puer Sekonnen un d'Steierween vun den M6 Voituren oder eng aner Lokomotiv mat dëser Zort Kupplung unzekrämpen.
Commons: SNCB Class 27 – Biller, Videoen oder Audiodateien |