Voiture I11 SNCB
Stéckzuel: 198
Constructeur: BN
Baujoren: 1995
Ausmusterung: Nach a Betrib
Déngschtmass: 52 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 26400 mm
Héicht: 4050 mm
Héchstvitesse: 200 km/h
Alimentatioun: 1,5 kV Gläichstroum
3 kV Gläichstroum
15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum
25 kV Wiesselstroum 50Hz

D'I 11 sinn Eisebunnsvoiturë vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB déi am InterCity- an EuroCitytrafic agesat ginn.

Allgemenges

Bestand

Déi 142 Mëttelvoiturë goufen am Joer 1995 an 2005 an den Typpen A a B gebaut. Déi 21 Steierween sinn exklusiv mat den SNCB 13 homologéiert.

Technesches

D'Alimentatioun vun de Voituren iwwer d'Maschinn funktionéiert ënner follgende Reseauen:

Si muss genee wéi déi vun de Lokomotiven op der Grenz vun zwéi Stroumsystemer geännert ginn. Op der InterCity A Streck geschitt dat zweemol an um InterCity O souguer dräimol.

Mëttelvoiturë vun den Typpen A a B

Interieur vun enger Mëttelvoiture zweeter Klass

D'Mëttelvoiturë vum Typ A hunn en Zentralgang mat enger Rei eenzele Sëtzer op der enger Säit, an enger duebeler Rei Sëtzer op där anerer. Bei de Mëttelvoiturë vum Typ B sinn op béide Säite vum Gang 2 Sëtzreien.

Mëttelvoiture A Mëttelvoiture B
Baujoer 1995 1995
Stéckzuel 36 106
Capacitéit 60 80
Héchstvitesse 200 km/h
Längt 26400 mm
Nummeréierung 11801-11836 12801-12906

Steierween

An de Steierween, genannt I11BDx, si genee wéi an de Mëttelvoiturë B, 2 Reie Sëtzer op béide Säite vum Mëttelgang. Well hanner dem Poste de Commande eng Gepäckoflag ass, hunn d'Steierween nëmme 56 Plazen. D'Steierween si vu baussen der Serie 13 SNCB ugepasst, mat där se reversibel bis 200 km/h fuere kënnen.

Steierwon
Baujoer 1997
Stéckzuel 21
Capacitéit 58
Héchstvitesse 200 km/h
Längt -
Nummeréierung 19801-19821

Asaz

National

International

Um Spaweck

I11 op Belrail