Rik Battaglia | |
---|---|
![]() d'Sophia Loren an de Rik Battaglia, 1954 | |
Gebuertsnumm | Caterino Bertaglia |
Gebuer | 18. Februar 1927 |
Gestuerwen | 27. Mäerz 2015 |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
![]() |
De Rik Battaglia, gebuer als Caterino Bertaglia den 18. Februar 1927 zu Corbola, am Veneto, an och do de 27. Mäerz 2015 gestuerwen, war en italieenesche Schauspiller.
A senger Carrière huet hie säin Numm op verschidde Manéiere geschriwwe wéi Rick Bataglia oder Riccardo Battaglia a Rick Battaglia.
Hien huet a 94 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Déi wichtegst vun deene Filmer si La giornata balorda (1960) vum Mauro Bolognini, den Italo-Western Giù la testa (1971) vum Sergio Leone mam Rod Steiger an James Coburn an Il prefetto di ferro (1977) vum Pasquale Squitieri.